Aller au contenu

Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Validation des acquis de l'expérience (VAE)

25.03.2024
INFPC
Am Partenariat mat dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an den Beruffschamberen
Chambre des salariés (CSL)
2-4, rue Pierre Hentges
L-1726 Luxembourg
18h00 - 19h30
Umeldung obligatoresch

INFPC

+352 46 96 12 218

D'Informatiounsveranstaltunge ginn am Presentiel ugebueden a simultan am Livestream iwwerdroen. D'Participantë vun de Presentiel-Veranstaltunge kréien och d'Méiglechkeet, direkt no der Präsentatioun hir Froen ze stellen.

D'Participatioun as gratis, d'Umeldung obligatoresch.

Sech aschreiwen

Ënnert der Validation des acquis de l'expérience (VAE) versteet een eng Prozedur, mat där ee berufflech oder ausserberufflech Erfahrung valoriséiere loosse kann, fir en Ofschloss oder en Deel vun engem Ofschloss ze kréien, d. h.:

  • en Diplom oder Certificat vum Enseignement secondaire général (Diplôme de fin d'études secondaires générales, DT - Diplôme de technicien, DAP - Diplôme d'aptitude professionnelle, CCP - Certificat de capacité professionnelle, eng Meeschterkart (Brevet de maîtrise) am Handwierk,
  • BTS - Brevet de technicien supérieur,
  • Zougang zum Studiegang, Erhale vun Transfertkreditter oder vun Dispense fir e Bachelor- oder Master-Programm

D'VAE ass eng zousätzlech Méiglechkeet, Accès zu engem Diplom ze kréien. Si gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun.

Den INFPC presentéiert, wéi de System vun der Validation des acquis de l’expérience funktionéiert, fir datt jidderee sou gutt wéi méiglech informéiert ass.

D'Informatiounsveranstaltunge gin vum INFPC am Partenariat mat dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an den Beruffschamberen organiséiert.


Le contenu de cet article est de la seule responsabilité de son auteur - INFPC